Event's info

Event's info

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Event's info, Bertrange.

27/08/2024

Begéinung mam Poopst Franziskus: Invitatioun fir de Public

An engem Mount kënnt de Poopst Franziskus op offiziell Visitt op Lëtzebuerg. Eng Begéinung vum Hellege Vater mat der kathoulescher Gemeinschaft ass en Donneschdeg, de 26. September 2024, um 16.30 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg. D’Renconter mam Poopst gëtt ageleet mat engem Virprogramm (Lidder a Gebieder) vu 15 Auer un.

Den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Kardinol Jean-Claude Hollerich, invitéiert häerzlech de Public, fir a grousser Zuel un dësem exceptionellen Evenement deelzehuelen an der Limitt vun de Plazen déi disponibel sinn (an der Kathedral respektiv an engem Zelt mat Ecran, dat am Bannenhaff vun der Kathedral installéiert gëtt).

D’Persounen, déi heirunner interesséiert sinn, kënne sech tëscht dem Dënschdeg, 3. September, 9 Auer, an dem Donneschdeg, 5. September, 17 Auer, via dëse Link umellen: www.cathol.lu/visitedupapefrancois . D’Modalitéite fir sech anzeschreiwen a praktesch Informatioune stinn ënnert deem selwechte Link.

Wann d’Demande méi grouss ass wéi d’Zuel vun de Plazen, entscheet d’Lous.

Fir méi iwwer d’apostolesch Visitt gewuer ze ginn: www.cathol.lu

Lëtzebuerg, de 26. August 2024

D’Bistumsverwaltung

Vous voulez que votre entreprise soit Arts & Divertissement la plus cotée à Bertrange ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Site Web

Adresse

Bertrange