Dëschtennis Rued

Dëschtennis Rued

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Dëschtennis Rued, Club de sport, Luxembourg.

09/05/2026

No engem richtege Krimi am leschte Championnatsmatch huet eis 1. Ekipp an de Relegatiounsmatcher nach ëmmer d’Chance, an d’National 3 opzesteigen! 💪

No enger 2-6 Nidderlag am Hin-Match géife sech de Christophe, Louis, Nandor a Johannes iwwert all Ënnerstëtzung vun iech freeën 🙌❤️

📍 Wou? zu Rued am Sall
📅 Wéini? 16. Mee 2026
🕢 Auerzäit? 19h30

✨ Mat Méiglechkeet op e Golden Match → extra Spannung garantéiert! 👀⚡

Kommt si fläisseg ufeieren 📣

Loosst eis zesummen alles ginn, fir den Opstieg nach méiglech ze maachen! 🚀🏆

Photos from Dëschtennis Rued's post 23/03/2026

Grousse Comeback vum Tessy ! 🔥

Dëse Weekend sinn zu Bartreng d'Landesmeeschterschaften ausgedroe ginn. Hei konnt sech d'Tessy zesumme mam Sarah De N***e am Dubbel Dames den Titel sécheren 🥇

Allez DT Rued ! 🏓

18/01/2026

Gewënner vun der Coupe Frantz Think ! 🏆

Eis Jonge konnten sech haut an enger ganz spannender Finall géint den DT Biissen duerchsetzen. Bis an den Dubbel hunn si d'Spannung gehale mee konnten sech schlussendlech mat 4-3 duerchsetzen 🔥

E grousse Merci och un d'Rueder Ultras déi fir eng bombastesch Stëmmung an der Coque gesuergt hun !

Allez DT Rued ! 🏓

11/01/2026

‼️1/2 Finall Coupe Frantz Think ‼️

E Samsdeg de 17. Januar trieden eis Jongen an der Halleffinall vun der Coupe Frantz Think an der Coque géint den DT Nouspelt un 🔥

⏱️ De Match fänkt um 13:30 Auer un

Mir zielen op äer Ënnerstëtzung fir datt sie et an d'Finall packen, déi Sonndes (18. Januar) gespillt gëtt ! 👏🏻

Allez DT Rued ! 🏓

29/12/2025

🕊️ Den DT Rued trauert ëm säi laangjärege Spiller, Member, Fan an trei Clubséil Jäng SCHILTZ. De "Jängi" bleift eis all a gudder Erënnerung. Hien huet kee Club-Event verpasst, ëmmer an iwwerall eng Hand ugepak a mir konnten zu all Moment op hien zielen.

Merci Jäng fir déi wonnerbar Momenter an däin onermiddlechen Asaz fir de Veräin. Deng Präsenz, däin Engagement a deng Léift fir den DT Rued hu Spueren hannerlooss, déi mir ni vergiessen. Däin "ALLEZ Rued" bleiwt eis fir ëmmer an den Ouren.

Du gëss vermesst.

DT Rued 🖤

25/12/2025

🧑🏻‍🎄🎄

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Adresse

Luxembourg