CSN Clervaux
Den CSN Clervaux ass den 18. Abrëll 1999 gegrënnt ginn. Mir maachen Liichtathletik, Triathlon a méi
14/06/2026
D´Francine Colles war d`CSN Faarwen um Eifel-Marathon an Däitschland vetrieden an ass do op den 10 km op déi 16. Plaz (1. an sénger Alterskategorie🥇🏆) gelaf.
Gratulatioun💪🏃♀️🙂
08/06/2026
Mir waren dann och de Weekend international vertrueden, an zwar um Ironman zu Hamburg duerch de Pierre Feller, deen am Gesamtclassement op eng ganz staark 311. Plaz ( 34. an sénger Alterskategorie) kommen ass an enger Zäit vun 10:00:57.
Gratulatioun! 🏊♂️🚴♀️🏃💪
08/06/2026
D‘Nora Simon huet geschter un den franséischen Triathlonsmeeschterschaften an den Vogesen deelgeholl. Mat enger 51. Plaatz an engem groussen Starterfeld as d‘Nora ganz zefridden an et war eng top Erfahrung👍👍
Gratulatioun💪🏊🚴♀️🏃♀️
25/05/2026
Hues du Lost, Deel vum CSN-Team ze ginn?🤸♀️🤸
Hues du Freed u Beweegung an d’Aarbecht mat Kanner? Da bass du bei eis genau richteg!
Mir sichen eng/een Motoriktrainer/In fir eise Kannertraining Samsdesmoies während der Schoulzäit.
Wat dech erwäert:
- Spillereschen Training fir Kanner (Altersgrupp 6 - 8 Joer)
- Koordinatioun, Kraaft, Gläichgewiicht a Schnellegkeet fërderen
- Vill Fräiheet fir kreativ Iddien
Wat mir sichen:
- Freed un der Aarbecht mat Kanner
- Sportlechen Hannergrond vu Virdeel
- Teamgeescht a Motivatioun
👉 Interesséiert oder Froen? Mell dech bäi eis ënnert: [email protected]
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.