CSV Conter
csv - Sektion der Gemeinde Contern/Luxemburg Wir sind eine politische Partei, Sektion Contern, die derzeit stärkste im Gemeinderat.
11/03/2026
🎉Mir gratuléieren der fréierer Vize-Presidentin vun der EU-Kommissioun a langjäreger EU-Deputéiert fir hir Auszeechnung.
🇪🇺Den europäeschen Verdéngschtuerden geet fir déi éischte Kéier un eng Persoun aus Lëtzebuerg. Dës grouss Unerkennung wierdegt Mënschen, déi sech fir d’europäesch Integratioun a fir d’Verteidege vun den europäesche Wäerter agesat hunn.
👏Dëse laangjäregen Asaz fir d’Allgemengheet verdéngt gréisste Respekt an Unerkennung, Gratulatioun Viviane!
03/03/2026
E Méindeg den Owend war et eng ganz besonnesch an emotional Generalversammlung fir CSV Conter.
No iwwer 20 Joer un der Spëtzt vun eiser Sektioun huet eis laangjäreg Presidentin Marion Braquet Ép Zovilé de Posten un den Här Yves Loose iwwerginn. Et war e Moment vu grousser Dankbarkeet, Respekt an Unerkennung. Mat vill Häerzblutt, Freed an onermiddlechem Engagement huet si eis Sektioun iwwer vill Joren gepräägt a gestäerkt 🙏🏼. Dofir soe mir hir vun Häerze villmools Merci fir hiren aussergewéinlechen Asaz!❤️
Gläichzäiteg freeë mir eis, mam Yves Loose en engagéierten a motivéierte Nofollger ze hunn, deen bereet ass, Verantwortung ze iwwerhuelen an de Wee vun eiser Sektioun mat Dynamik an Iwwerzeegung weiderzegoen.
Och nei Comitésmemberen goufen unanime gewielt. Häerzlech wëllkomm Ben Felgen an Francois Georges – mir freeën eis op eng gutt an engagéiert Zesummenaarbecht!🫱🏻🫲🏼
Uschléissend huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez an engem spannende Virtrag wichteg Ablécker an d’Pensiounsreform an d’Gesondheetspolitik ginn🏥. An engem oppenen a konstruktiven Austausch haten déi Interesséiert d’Méiglechkeet, hir Froen ze stellen – a kruten kompetent an zefriddestellend Äntwerten.💬
Eng staark Versammlung am Zeeche vu Zesummenhalt, Verantwortung an enger kloerer Visioun fir d’Zukunft.🫱🏻🫲🏼🔵🟠⚪️
Klicken Sie hier, um Ihren Gesponserten Eintrag zu erhalten.