Union Sportive Rambrouch
Déi offiziell Seit vun der Union Sportive Rammerich. Hei fannt dir all d'Informatiounen zu de Matcher
27/05/2026
💙🤍 D’Saison ass fäerdeg fir eis éischt Ekipp! 🤍💙
Eng laang a intensiv Saison ass e Sonndeg mat engem 2-2 géint Ëlwen op en Enn gaang.
Mat Héichten an Déiften, mat Freed a schwéiere Momenter — mee ëmmer mat engem staarken Teamgeescht an engem grousse Kampf um Terrain. 💪⚽️
🙏 Merci un eis Spiller, Traineren, Fräiwëlleger, Sponsoren an all Supporter, déi eis déi ganz Saison begleet hunn. Ouni iech wier dat alles net méiglech!
📊 2. Div. 1. Bez. Saison 2025/26:
• 26 Matcher
• 30 Punkten
• 11. Plaz
Mir huelen d’Erfarunge mat, bleiwen zesummen a kucken no vir. 🔵⚪️
Alles fir de Veräin! 💙
17/05/2026
🔵KEEP CALM AND PLAY 2. DIVISIOUN🔵
Haut um zweet-leschte Spilldag hu mer mat enger staarker Leeschtung 4-1 géint den FC72 Ierpeldeng gewonn an domat de séchere Maintien an der 2. Divisioun gepackt💪🏼💙🤍
Mir gratuléieren dem FC Ierpeldeng natierlech och fir den Opstig an t‘éischt Divisioun🤝🧡
Da soe mer dem Jacques Huberty och nach e grousse Merci fir d‘Sponsore vum Matchball vun haut⚽️
Allez USR💙🤍
14/05/2026
🔵⚪️ Leschten Heemmatch! ⚪️🔵
🆚 USR vs. FC72 Ierpeldeng
📅 Sonnden, 17. Mee
⏰ 16:00 Auer
📍Rammerech
De leschten Heemmatch fir des Saison géint den Tabelleleader vun Ierpeldeng ! Fir si geet et em de Championstitel a fir eis geet et nach ëmmer drëm d‘Relegatiounsplaz ze vermeiden.💪
Et versprecht also e spannende Match ze ginn e Sonndeg.🤩
⚽️ de Matchball gëtt gesponsert vum Jacques Huberty — villmools Merci fir de Support! 🙌
💙🤍 Allez USR! 🤍💙
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.