Gilles Roth

Gilles Roth

Share

Finanzminister Lëtzebuerg | Minister of Finance of Luxembourg

17/04/2026

IMF Spring Meetings 2026

Photos from Gilles Roth's post 28/03/2026

🔸 Um Relais pour la vie. Merci un d’Fondation Cancer an all hire Benevollen, déi sech all Dag mat vill Engagement am Kampf géint de Kriibs asetzen.

🔸Op der ALFI Global Asset Management Konferenz. D’Fongenindustrie zu Lëtzebuerg ass wichteg fir d‘Kapital effizient iwwer d’Grenzen ze leeden.

🔸Um Forum vun der Bank of China. An enger Zäit, an där Zesummenaarbecht onëmgänglech ass, spillen d’Finanzen eng zentral Roll als strategesch Verbindung tëschent eise Wirtschaftsraim.

🔸Mam Lucy Rigby, brittesch Wirtschafts-Staatssekretärin am Finanzministère, fir iwwer déi staark Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg a Groussbritannien an de Finanzdéngschter ze schwätzen.

🔸Mam Premier a Finanzminister vu Bermuda, David Burt. Mir hunn iwwert d’Roll vun eise Finanzplazen an de weltwäite Mäert an iwwert d’Zesummenaarbecht an der Versécherungs- a Réckversécherungsindustrie geschwat.

🔸Mam Faruk Kaymakcı, den neien tierkeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg. Tierkei ass e laangjäregen a wichtege Partner vu Lëtzebuerg.

🔸Um MiddleGame Ventures Event ënnert dem Zeeche vu FundTech. D'Zesummenaarbecht tëscht etabléierten Institutiounen a jonke Fintechen ass wichteg.

Want your public figure to be the top-listed Public Figure in Surakarta?
Click here to claim your Sponsored Listing.

Category

Website

Address


Surakarta