Spartamylof
Spartamylof A.s.b.l. as den Supporter Club vum Basketball Club Sparta Bartreng.
11/06/2026
Wei schonn ugekennegt, fënnt eis Marche Gourmande Sonndes, den 13. September 2026 zu Bartreng an Ëmgéigend statt. Dëst Joër proposéieren mer en Trëppeltour duerch a ronderëm Bartreng mat Spezialitéiten aus Griichenland.
Aktuell sinn nach just 70 Platzen fräi fir eis Marche Gourmande! Waart net ze laang – bei 200 Umeldungen ass Schluss. Mellt Iech elo un! www.spartamylof.com
Only 70 places left for our Marche Gourmande! Don’t wait too long – registration closes once we reach 200 participants. Sign up now! www.spartamylof.com
E grousse Merci geet elo schonn un all Participant. An nëmmen 12 Deeg hunn sech schonn 130! Léit ugemëllt. MERCI fir är Ennerstëtzung. Mir freeën eis.
Är Spartamylof 🇬🇷
30/05/2026
Och dëst Joer organiséiert hier schonn bal traditionell Marche Gourmande. Sonndes, den 13.09.2026 zu Bartreng. E flotten Trëppeltour duerch a ronderëm Bartreng mat kulinareschen Héichpunkten aus Griicheland.
Kommt mat op Rees duerch Natur, Kulinarik a gutt Stëmmung - genee déi Momenter déi een mat Frënn deelt. De Geroch vun griechechen Spezialitéiten, e gudd Glas Wäin, Musek, Laachen an dat Gefill vun enger Taverna ënnert der Sonn.
Den Tour féiert dëst Joer bis kuerz op Mamer wou mer duerch Ënnerstëtzung vun der Brasserie Wëllebau, an engem flotte Kader a hoffentlech bei guddem Wieder op der Terrasse, e Grillmoment ubidden.
Den Online-Ticket-Verkaf ass disponibel op eisem Internetsite: www.spartamylof.com. Maacht Iech deemno baï. Mir freeën eis.
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Type
Contacter l'entreprise
Site Web
Adresse
Bertrange
8051