Badminton Club Differdange Luxembourg

Badminton Club Differdange Luxembourg

Partager

Badminton Club de la Ville de Differdange

27/06/2026

🚨 OFFIZIELL | Den YANNICK FELTES wiesselt op DÉIFFERDENG 🚨

Den Badminton Déifferdeng ass stolz, den Transfer vum Yannick Feltes offiziell matzedeelen. Mam 22-järege Lëtzebuerger kënnt ee vun de stäerksten an erfollegräichsten Dubbelspiller vum Land vum Fiederball Izeg op Déifferdeng.

Als Spezialist am Hären- a Mixed-Dubbel gehéiert de Yannick zënter Joren zur nationalen Spetzt. Hien ass den aktuelle zweefache Lëtzebuerger Champion am Härendubbel an am Mixed. Säi Mixed-Titel huet hien zesumme mat eiser Spillerin Zoé gewonnen, mat där hien elo och op Veräinsniveau nees zesumme spillt.

Och international huet de Yannick sech en Numm gemaach. Heen ass aktuell an den Top 150 vun der BWF-Weltranglëscht am Härendubbel an een Member vum COSL Cadre Promotion, dem Fërderprogramm fir déi gréisste Lëtzebuerger Sportstalenter um Wee op den internationale Spëtzesport ze begleeden.

Mee Titelen erzielen net déi ganz Geschicht. Professionalitéit, Ambitioun an en aussergewéinlechen Asaz maachen de Yannick zu engem perfekte Match fir d’Ambitioune vu Badminton Déifferdeng.

Wëllkomm Yannick Feltes !

🚨 OFFICIAL | YANNICK FELTES JOINS DIFFERDANGE 🚨

Badminton Differdange is proud to officially announce the signing of Yannick Feltes. The 22-year-old Luxembourg international joins the club from Fiederball Izeg as one of the country’s strongest and most accomplished doubles players.

A specialist in Men’s Doubles and Mixed Doubles, Yannick has been among Luxembourg’s elite for several years. He is the reigning two-time Luxembourg National Champion in both Men’s Doubles and Mixed Doubles. He won the mixed title alongside our own player Zoé, and the two will now reunite at club level.

He is currently ranked among the Top 150 in the BWF World Rankings for Men’s Doubles and is a member of the COSL Cadre Promotion, Luxembourg’s elite development program supporting the country’s most promising athletes on their journey towards international high-performance sport.

However, titles tell only part of the story. Professionalism, ambition and an exceptional work ethic make Yannick the perfect fit for Badminton Differdange’s ambitions.

Welcome Yannick Feltes !

23/06/2026

🤝 Sponsor Spotlight

Staark Veräiner brauche staark Partner. Haut wëlle mir iech en anere wichtege Sponsor vum Badminton Déifferdeng virstellen: Pompes Funèbres Brandenburger💙

Pompes Funèbres Brandenburger begleet Familljen an schwéiere Momenter mat Respekt, Empathie a Professionalitéit. Mat vill Mënschlechkeet an Erfahrung bidde si eng wäertvoll Ënnerstëtzung wann et drop ukënnt.

Mir si ganz dankbar, Pompes Funèbres Brandenburger als Partner un eiser Säit ze hunn. Hir Ënnerstëtzung erméiglecht eis, eise Veräin weider z’entwéckelen an eis Spillerinnen a Spiller optimal ze ënnerstëtzen.

E grousse Merci un Pompes Funèbres Brandenburger fir d’Vertrauen an déi wäertvoll Partnerschaft! 🏸💙

🤝 Sponsor Spotlight

Strong clubs need strong partners. Today, we would like to introduce another valued sponsor of Badminton Déifferdeng: Pompes Funèbres Brandenburger. 💙

Pompes Funèbres Brandenburger supports families during difficult moments with respect, empathy, and professionalism. With experience and a human approach, they provide valuable guidance when it matters most.

We are truly grateful to have Pompes Funèbres Brandenburger as a partner. Their support helps us continue developing our club and supporting our players at the highest level.

A big thank you to Pompes Funèbres Brandenburger for their trust and valuable partnership! 🏸💙

11/06/2026

🤝 Sponsor Spotlight❤️

Staark Veräiner brauche staark Partner. Dofir stelle mir iech haut en anere wichtege Sponsor vum Badminton Déifferdeng vir: MAWO. 💙

MAWO ass spezialiséiert op d’Gestion de copropriétés a suergt mat Professionalitéit, Zouverlässegkeet an Engagement dofir, datt Wunnresidenzen optimal geréiert ginn.

Mir sinn dankbar, MAWO als Partner un eiser Säit ze hunn. Mat hirer Ënnerstëtzung hëllefen si eis, eise Veräin weider z’entwéckelen an eise Memberen déi beschtméiglech Konditiounen ze bidden.

E grousse Merci un d’ganz Equipe vu MAWO fir d’Vertrauen an déi wäertvoll Ënnerstëtzung! 🏸💙

🤝 Sponsor Spotlight❤️

Strong clubs need strong partners. Today, we’re proud to introduce another valued sponsor of Badminton Déifferdeng: MAWO. 💙

MAWO specializes in property co-ownership management, providing professional and reliable services to ensure residential properties are managed efficiently and effectively.

We are grateful to have MAWO supporting our club. Their partnership helps us continue developing our activities and providing the best possible environment for our members.

A huge thank you to the entire MAWO team for their trust and valuable support! 🏸💙

01/06/2026

🏸 Coupe de Luxembourg – Eis Jugend an der Finale

Och eis Jugendequippen waren e Sonndeg bei de Coupe-Finalen am Asaz an hunn de Badminton Déifferdeng mat vill Asaz vertrueden.

Eis U9 huet sech an der Finale géint Izeg misse geschloe ginn an huet eng flott 2. Plaz erreecht. Och eis U11 huet e spannende Match gewisen, mee leider ganz knapp verluer😕

Besonnesch schued ass, datt Coupe Finallen ant Schoulvakanz geluet ginn sinn. Doduerch hu bei eis e puer staark Jugendspiller gefeelt, déi eis Ekippen hätten hëllefe kënnen. Et ass schwéier nozëvollzéien, firwat ee vun den Highlights vun der Saison genee an d’Vakanz geluecht gëtt.

Trotzdeem si mir immens houfreg op eis Kanner, déi et bis an d’Finale gepackt hunn an eise Veräin exzellent vertrueden hunn🖤

👏 Gratulatioun un all d’Spiller, Traineren an Elteren!

🏸 Coupe de Luxembourg – Our Youth Teams in the Finals

Our youth teams were also in action on Sunday at the Coupe de Luxembourg finals, proudly representing Badminton Déifferdeng.

Our U9 team finished as runners-up after losing the final against Izeg. Our U11 team also played a great final but unfortunately suffered a narrow defeat and had to settle for second place as well.

What makes these results even more frustrating is that the finals are scheduled during the school holidays. As a result, several of our strongest youth players were unavailable. It is difficult to understand why one of the highlights of the season is played during a period when many young players are away.

Nevertheless, we are extremely proud of all our young players for reaching the finals and representing our club with great determination and spirit. 💙🖤

👏 Congratulations to all players, coaches and parents on this fantastic achievement!

31/05/2026

🏸 Coupe de Luxembourg🏸

E Sonnden stoung fir eis d’Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg um Programm. Leider hu mir op véier wichteg Stammspiller vun eiser 1. Equipe misste verzichten. Trotz dëser schwiereger Situatioun huet eis Ekipp eng staark Leeschtung gewisen an den Match géint Izeg bis zum Schluss spannend gehalen.

Um Enn hu mir eis knapp misse geschloen ginn an domat d’Final verpasst. Dat ass besonnesch batter, well mir iwwerzeegt sinn, datt mat enger kompletter Equipe vill méi méiglech gewiescht wier.

Opfälleg ass, datt souwuel d’Halleffinall wéi och d’Final an d’Schoulvakanze geluecht goufen. Doduerch konnte weder mir nach eisen Géigner an der beschter Opstellung untrieden. Aus sportlecher Siicht ass dat schued, well esou Matcher eigentlech déi bescht Reklamm fir eise Sport solle sinn.

D’Terminatioun vun enger Coupe-Halleffinall an enger Finale wärend de Vakanze bleift dofir aus eiser Siicht eng diskutabel Entscheedung.

Trotzdeem soe mir all eise Spiller Merci fir hiren Asaz. Mir kommen méi staark zeréck. 💪🖤

🏸 Coupe de Luxembourg🏸

On Sunday, we competed in the semi-final of the Coupe de Luxembourg. Unfortunately, we were missing four key players from our first team. Despite these difficult circumstances, our squad delivered a strong performance and kept the tie against Izeg close until the very end.

In the end, we suffered a narrow defeat and missed out on a place in the final. That makes the result even more frustrating, as we firmly believe that with a full-strength team, much more would have been possible.

It is worth noting that both the semi-final and the final were scheduled during the school holidays. As a result, neither we nor our opponents were able to field our strongest line-ups. From a sporting perspective, this is unfortunate, as matches like these should showcase the very best of our sport.

A cup semi-final should be a highlight of the season, with the strongest players competing on court. Scheduling both the semi-final and final during the holiday period therefore remains, in our view, a questionable decision.

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Differdange ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Téléphone

Adresse


Differdange

Heures d'ouverture

Lundi 18:00 - 22:00
Mercredi 18:00 - 22:00
Vendredi 18:00 - 22:00