DP - Demokratesch Partei
Eng responsabel a wäitsiichteg Politik fir d'Leit - mat de Leit.
12/06/2026
📢 Den DP Kongress 2026 de leschte Sonndeg stoung am Zeeche vun den demokratesche Wäerter.
„Mir als DP hu Vertrauen an d’Mënschen an an d’Demokratie. Dat ass eise liberalen Optimismus. Net blann. Net naiv. Mee déif verankert“, sou d’Parteipresidentin Carole Hartmann.
📸 Déi ganz Fotogalerie op flic.kr/s/aHBqjCWtWc
11/06/2026
Am Juli gëtt an der Chamber viraussiichtlech iwwer d’Aarbechtszäitorganisatioun debattéiert 📢🎙️
Duerfir waren d'Vertrieder vun der UEL haut op Besuch an der DP-Fraktioun, fir iwwer eventuell Ännerungen um Aarbechtsrecht ze schwätzen.
💙 Impressioune vum DP Kongress 2026
De Sonndeg, 7. Juni 2026 si moies ronn 350 Membere vun der Demokratescher Partei am Centre Atert zu Bartreng zesummekomm.
🙌🏻 Mat Nodrock huet d’Parteipresidentin Carole Hartmann an hirer Ried d’Noutwendegkeet ënnerstrach, déi demokratesch Wäerter vu Lëtzebuerg a vun Europa an der aktueller Zäit ze schützen an ze stäerken. D’DP géing d’Demokratie net deenen iwwerloossen, déi de Leit wëllen Angscht maachen.
De Generalsekretär Eric Thill huet betount, datt Lëtzebuerg besonnesch haut, an den aktuell schwieregen Zäiten, eng Partei bräicht, déi d'Leit zesumme bréngt an net spléckt. Et wier och d'Verantwortung vun der Demokratescher Partei, net déi einfachst Äntwerten ze ginn, mee déi richteg.
🤝🏻 De Vize-Premier an Ausseminister Xavier Bettel huet ënner anerem déi séier Eenegung vun de Verhandlungspartner bei der Tripartite ervirgehuewen, déi e puer Deeg virdrun zustan komm war. Hien huet sech dobäi ausdrécklech géint all Jalousiedebatte vun eenzelne Gruppe gewiert.
Häerzlech Wëllkomm um Nationalkongress 2026 vun der Demokratescher Partei 💙
05/06/2026
💪🏻
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Type
Contacter l’organisation
Site Web
Adresse
2A, Rue Des Capucins
Luxembourg
1313
Heures d'ouverture
| Lundi | 09:00 - 12:00 |
| 14:00 - 17:00 | |
| Mardi | 09:00 - 12:00 |
| 14:00 - 17:00 | |
| Mercredi | 09:00 - 12:00 |
| 14:00 - 17:00 | |
| Jeudi | 09:00 - 12:00 |
| 14:00 - 17:00 | |
| Vendredi | 09:00 - 12:00 |
| 14:00 - 17:00 |