Mamer Wiselen
Scouten a Guiden vu Mamer
𝐋𝐎𝐒𝐓 𝐢𝐧 𝐭𝐡𝐞 𝐝𝐚𝐫𝐤𝐧𝐞𝐬𝐬 2026- 𝐄𝐢𝐬 𝐔𝐦𝐞𝐥𝐝𝐮𝐧𝐠𝐞 𝐬𝐢𝐧𝐧 𝐨𝐩! 🐾
Eis Umeldunge fir den LOST sinn op! Eisen traditionellen Nuetsrallye geet elo an déi 23. Editioun! Mellt iech all gären un!
Eis Spiller si fir Grouss a Kleng gemaach, also all Grupp, egal op Scoutsgrupp, Famill, Kolleegegrupp oder all aner Grupp ass häerzlech wëllkomm de 13. Mee mat eis e schéinen Owend ze verbréngen! ⚜
Umelle kennt dir är Grupp iwwer lost.lu, mir freeën eis schonns vill al a jonk Gesiichter um LOST ze gesinn!
Bis dohin don’t get lost! ⚜🐺
16/09/2025
Léif Wiselen an nei Memberen,
En neit Scoutsjoer fänkt endlech erëm un! Treff deng nei an al Frënn an ziel hinne vun dengen Aventuren aus dem Summer, oder freet iech einfach, dass dir erëm zesumme bei de Scoute kënnt sinn. Dëse super Start wëlls du op kee Fall verpassen a gëtt mega flott fir jiddereen.
🏡 Beim Mamer Scoutshome
📆 20. September 2025
⏰️ 13h45 – 16h00 (Programm ab 14h00)
ℹ️ 14:10 – 14:25 Eltereversammlung fir nei Memberen
➡️ weider Informatiounen op www.mamerwiselen.lu
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Type
Site Web
Adresse
109, Route D'Arlon
Mamer
8211
Heures d'ouverture
| 14:00 - 16:00 |